Mir géingen ons freeën, Iech e Mëttwoch, den 10.06.2026 an der Mëttesstonn (11:00-15:30) op onsem Fest vun der Frëndschaft zu Mënsbech ze treffen an e flotte Moment mat Iech ze verbréngen - Klassen, SchülerInnen an d' Ekipp vum CDSE ënnerstëtzen hei zesummen an a Kooperatioun mat der asbl « Entwécklung duerch Gerechten Handel » e Projet an Indien (http://sakhitrust.org/) an d'Asbl Wheels Up.
Eist Fest vun der Frëndschaft steet ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet 💚💪🏼🌎♻.🛍️
🚭 Mir wëllen Iech och informéieren dass eist Fest en Net-Fëmm-Event ass.
🙏 Mir soen dem SNJ an der Gemeng vu Schëtter villmools Merci, datt si eis bei der Organisatioun an dem Ëmsetzen/Applizéiere vun dëse Krittären ënnerstëtzen.
ACCÈS
transport public:
🚆train Luxembourg-Wasserbillig, arrêt: Munsbach-Gare
🚌 bus 361 dir. Findel, Cargo-Zentrum, arrêt Schlass Minsbech
Infoen op www.mobiliteit.lu