Skip to main content

Haut ass näischt méi wéi et war - eng Ressourcëwallis fir den Unterrecht

  • Véronique SCHONS

D’Kanner a déi Jonk brauchen am Moment, méi wéi soss, eis Ënnerstëtzung. Dofir hu mir eng Broschür mat Übungen ausgeschafft, fir de SchülerInnen hir Ängschten ofzeschwächen an hir Resilienz ze stäerken. Déi Übunge fir d'Fërderung vun der sozio-emotionaler Entwécklung kann een am Unterrecht an der Klass ausféieren.

Wichteg ass, dass et iech och gutt geet an dir iech Momenter huelt, fir är eege Ressourcen opzebauen. A genee dofir hält eise Guide Übunge bereet, déi iech dobäi ënnerstëtzen, äert Wuelbefannen ze steigeren. Dir kënnt d' Broschür och bei eis bestellen, andeems dir eis eng Mail schreift oder via dese Link eroflueden.