Skip to main content

Wëllkomm um Fest vun der Frëndschaft

  • Jessica ROBERT

Mir géingen ons freeën, Iech e Mëttwoch, 12.6. an der Mëttesstonn (11:30-14:30) op onsem Fest vun der Frëndschaft zu Mënsbech ze treffen an e flotte Moment mat Iech ze verbréngen - Klassen, SchülerInnen an d' Ekipp vum CDSE ënnerstëtzen hei zesummen an a Kooperatioun mat der asbl « Entwécklong durch Gerechten Handel » e Projet an Indien (http://sakhitrust.org/) an d‘Fondation Wonschstär.

Eist Fest vun der Frëndschaft steet ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet 💚💪🏼🌎♻. Duerfir leeë mir op follgend Krittäre besonnesch vill Wäert: 

  • mir verzichte bewosst op Eeweegeschier 🍴a reduzéieren de Gebrauch vu Verpackungen🥤op e strikte Minimum. Duerfir hu mir och dës Joer erëm Telleren, Besteck, Becheren asw beim SNJ bestallt, fir dass d´Iesse/Gedrénks net op Eeweegeschier muss erausgi ginn. Zousätzlech kënnt Dir äre Bidon matbréngen an de Waasserspender um Schlass benotzen,
    • eist Iessen 🥗 an eist Gedrénks 🥛 si gréisstendeels lokal/regional, anerefalls Bio, respektiv fair gehandelt,
    • mir benotzen ekologescht Botzmaterial🧽,
  • mir reduzéieren eise Reschtoffall op e Minimum andeems mir alles richteg trennen a recycléiere 🚮♻.

 

🛍️ Vergiesst och är Akafstut net, fir wann Dir e flotte Kaddo bei engem vun de sëllege Stänn entdeckt.
🚭  Mir wëllen Iech och informéieren dass eist Fest en Net-Fëmm-Event ass.
🙏 Mir soen dem SNJ, der Gemeng vu Schëtter an dem Oekozenter Pafendall villmools Merci, datt si eis bei der Organisatioun an dem Ëmsetzen/Applizéiere vun dëse Krittären ënnerstëtzen.
🌿♻ Weider Informatiounen iwwer Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu


ACCÈS
transport public:
🚆train Luxembourg-Wasserbillig, arrêt: Munsbach-Gare
🚌 bus 361 dir. Findel, Cargo-Zentrum, arrêt Schlass Minsbech
Infoen op www.mobiliteit.lu


Fest vun der Frëndschaft 2024