Skip to main content

De CDSE ënnerstëtzt Sakhi Trust a Südindien

  • Veronique SCHONS

Duerfir ass de 14. Juni e grousse Solidaritéitsdag am Schlassgaart zu Mënsbech geplangt.

D’ Schülerinnen an d‘ Schüler aus der Annexe Jonglënster wollten och scho viru Chrëschtdag eng éischt Solidaritéitsaktioun fir déi Jonk aus Indien starten, a sou gouf deelweis och zesumme mat Matbewunner aus dem CIPA “Centre Intégré pour Personnes Agées” Jonglënster, fläisseg gebak a gebastelt. Déi selwergemaache Saache sinn dunn mat vill Asaz vun de Jonken, den 9. Dezember um Stater Chrëschtmaart an op zwee Dee an der Langwiss 1&2 zu Jonglënster verkaf ginn. Esou sinn 2100€ zesummekomm. E ganz gudden Ufank, déi eis Virfreed op weider Aktiounen dëst Joer nach steigert.

chreschtdag1

 

chreschtdag2