Skip to main content

De CDSE ënnerstëtzt Sakhi Trust a Südindien

  • Veronique SCHONS

Duerfir ass de 14. Juni e grousse Solidaritéitsdag am Schlassgaart zu Mënsbech geplangt.

D’ Schülerinnen an d‘ Schüler aus der Annexe Jonglënster wollten och scho viru Chrëschtdag eng éischt Solidaritéitsaktioun fir déi Jonk aus Indien starten, a sou gouf deelweis och zesumme mat Matbewunner aus dem CIPA “Centre Intégré pour Personnes Agées” Jonglënster, fläisseg gebak a gebastelt. Déi selwergemaache Saache sinn dunn mat vill Asaz vun de Jonken, den 9. Dezember um Stater Chrëschtmaart an op zwee Dee an der Langwiss 1&2 zu Jonglënster verkaf ginn. Esou sinn 2100€ zesummekomm. E ganz gudden Ufank, déi eis Virfreed op weider Aktiounen dëst Joer nach steigert.

chreschtdag1

 

chreschtdag2

“D’Kanner hu Recht op Häerzensbildung” – de CDSE am RTL Interview

  • Veronique SCHONS

Gëschter Owend war d’Diane Dhur als Directrice vum CDSE am RTL Journal ze gesinn. D’Thema war Mobbing an Konfliktsituatiounen an der Schoul an d’Noutwennegkeet vun enger Häerzensbildung. Den Artikel dozou fannt Dir hei.

De Moien konnt een d’Madamm Dhur dann och am RTL Radio héieren. Hei ass et och dorëms gaangen, dass Kanner a Jugendlecher oft net eescht genuch geholl ginn. Den Ausschnëtt fannt Dir ënnert dësem Link.

Colloque 2022 - Videos jetzt online

  • Veronique SCHONS

Sämtliche Unterlagen und Videos des Kolloquiums 2022 sind ab sofort unter diesem Link oder unter Informationen -> Kolloquium abrufbar.

Tous les informations et les vidéos du colloque 2022 sont désormais disponibles sous ce lien ou sous Informations -> Colloque.

 

Directrice als Invitée am Podcast "Mit Kindern wachsen"

  • Veronique SCHONS

De 24. November war eis Directrice Diane Dhur Invitée am Podcast "Mit Kindern wachsen" vun der Madamm Berenice Boxler. An dësem Podcast diskutéieren déi Zwee iwwert d'Thema vun der Achtsamkeet an der Schoul. D'Diane stellt de CDSE fir an schwätzt iwwert de SEE Learning an d'Wichtegkeet vun enger emotionaler an sozialer Bildung, virun allem während an och no der COVID Pandemie. Et gëtt och méi generell iwwert d'Roll vun der Schoul geschwat, an dass sech net nëmmen op d'Wëssensvermëttlung soll beschränkt ginn, mee och aner Liewenskompetenzen onbedéngt missten opgebaut, trainéiert an ennerst¨etzt ginn.

De Podcast kann een entweder op instagram oder op PodBean lauschteren.

Gruppenfortbildung für Eltern / Erziehungsberechtigte

  • Veronique SCHONS

Das Programm STEP (Systematic Training for Effective Parenting) ist ein Angebot des CDSE, das einen praktischen und sofort anwendbaren Ansatz ermöglicht und Eltern/Erziehungsberechtigte dabei unterstützt, glückliche, selbstbewusste Kinder großzuziehen, die in der Lage sind, Konflikte zu lösen und Verantwortung zu übernehmen.

Der nächste Kurs (kostenfrei) wird vom 3.10. - 28.11. in Münsbach angeboten. Der interaktive Rahmen (Gruppe von max. 14 TeilnehmerInnen) ermöglicht es Eltern/Erziehungsberechtigten, sich gegenseitig zu ermutigen und ihre Anliegen und Bedürfnisse zu teilen.